The Passage
Ein Tanzspektakel an 3 Orten in Grevenmacher
D’Regional Maacher Musekschoul présentéiert
The Passage
en Danzspektakel op 3 Plazen zu Gréiwemaacher
- Freides 24.03.2023 um 19.00 Auer
- Samsches 25.03.2023 um 19.00 Auer
- Sonndes 26.03.2023 um 17.00 Auer
Maacher Kërrech | Zéintscheier | Osburg-Haus
Kommt eran a loosst Iech iwwerrasche vun engem Raum,
deen duerch seng Dänzer lieweg gëtt. Da gitt eraus a fänkt erëm vu vir un.
E Spektakel deen an dräi verschiddene Raim stattfënnt.
Dës Raim existéieren ouni Iech, erwächen awer duerch Iech zum Liewen.
An engem Owend entdeckt Dir eng Bibliothéik, e Kleedergeschäft an e Waardesall mat hiren Dänzer an hire Geschichten.
Dauer: 90 Minutten. Den Entrée ass gratis.
Reservéiert Är Plaz um 75 03 11 4200 oder info@maacher-musekschoul.lu.
D’Plaze si limitéiert.