THE LOW RIDERS - LIVE !
THE LOW RIDERS - LIVE !
Am Kader vun de Blues-Viirtreeg proposéiert d’ManuKultura e Live-Concert! Dëst Joer spillen THE LOW RIDERS, Museker déi net onbekannt sinn an der lëtzebuergescher Blues(-Rock) Szeen. Nodeems, am Dezember 2018, d’Formatioun Crossroads „op Äis“ geluecht gouf, hunn déi zwee Gittariste Raymond Linden a Claude Bintz decidéiert, als Duo, weider ze maachen. Kuerz duerno, hunn si de Perkussionist a Sänger Rico Winandy gefrot, sech hinnen unzeschléissen. Déi nei Band, THE LOW RIDERS, war domat an d’Liewe geruff ginn. Eng ganz Rëtsch Concert’en sinn esou am Trio iwwert d’Bün gaang. An der Tëschenzäit ass de Bassist Marc Schwickerath dobäi komm, an THE LOW RIDERS trieden als Quattuor op. Am Programm, vill Eegekompositiounen, an deen een oder anere Bluesklassiker. Ofhängeg vum Wieder gëtt dësen Event am Centre Culturel vun Useldeng ofgehalen, oder hannert dem Centre, op der Tit Schroeder Plaz.