Tabu Thema: Gynekologesch Gewalt a Gewalt wärend der Gebuert
Tabu Thema: Gynekologesch Gewalt a Gewalt wärend der Gebuert
Den Tabu-Themen Zyklus ass dofir do, fir schwiereg Themen, déi an der Gesellschaft awer alldeeglech sinn, unzeschwätzen. Dëst, fir Bewosstsinnsaarbecht ze leeschten, e Raum fir Austausch ze bidden a fir Berodung ze fannen.
Am Oktober widme mer eis dem Thema Gynekologesch Gewalt a Gewalt wärend der Gebuert. Dëse Problem betrëfft eng Aberzuel u Fraen, déi sech a Momenter vun extremer Vulnérabilitéit engem onwierdegen Ëmgang ausgesat gespuert hunn, souguer Gewalt oder aner Muechtmëssbräich ausgeliwwert waren. Dëst muss net noutwendegerweis mat enger Schwangerschaft ze dinn gehat hunn, och wärend Kontrolle beim Dokter kënnen harsch Behandlungsmethouden oder d’Ignoranz vun der Patientin hire Wënsch grave Folgen hunn. Och wann ee vun den existenziellste Momenter am Liewen, eng Gebuert, alles anescht wéi natierlech oder roueg ofleeft, dann fillt ee sech ausgeliwwert an exposéiert.
Jee no Situatioun kann dëst grave Folge fir de Mënsch hunn, Traumata a schlëmm séilesch Stéierungen sinn a Verbindung mat deem Thema keng Seelenheet, et gëtt sech just net ëmmer getraut, driwwer ze schwätzen.
Op der Table Ronde am Oktober wäerte mer mat 4 Expertinnen vum Thema schwätze, fir dass d’Gesellschaft sech kloer gi kann, wéi urgent Opklärungsaarbecht zu deem Sujet ass. Och betraffe Leit kënnen hei Support fannen, et wäerte vill Informatiounen ginn a Raum fir Froen an Austausch ass och virgesinn.
Ëm den Dësch sëtzen:
- Laura Hendricks (Sexologin)
- Fabienne Michaux (Hiewann)
- Natascha Bisbis (Doula, Roses Luxembourg)
- Eng betraffe Persoun
Moderatioun: Nora Schleich
D’Méiglechkeet fir ee Gespréichskrees ze lancéieren ass do, Dir kënnt Iech einfach bei eis mellen!
Ëm eng Umeldung gëtt gebueden, dëst iwwer info@ewb.lu bis den Dag selwer.
Entrée: gratis
Fir méi Informatiounen: https://ewb.lu/event/tabu-thema-gynekologesch-gewalt-a-gewalt-waerend-der-gebuert/