Sproochastellunge vu Grenzgänger*Innen zu Lëtzebuerg
Lou Pepin
Lou Pepin : SPROOCHASTELLUNGE VU GRENZGÄNGER*INNEN ZU LËTZEBUERG
All Dag pendelen ëm déi 200.000 Grenzgänger*innen aus der Groussregioun op Lëtzebuerg fir ze schaffen. Dobäi spillt Sprooch an der alldeeglecher Kommunikatioun a fir tëschemënschlech Bezéiungen eng wichteg Roll. Et stellt sech net nëmmen d’Fro, wéi Grenzgänger*innen déi eenzel Sproochen, mee och eis méisproocheg Gesellschaft an de sproochlechen Ëmgang mat hinne wouerhuelen. Dëse Virtrag beliicht de Phänomeen Sproochastellungen an hir sozial Relevanz. Donieft ginn éischt Resultater aus Lëtzebuerg virgestallt.