Pranayama a Meditatioun
Pranayama a Meditatioun
Dëse Cours beinhalt Methoden aus dem Qi Gong an dem Yoga a baséiert op der Entwécklung vun der mentaler an der energetescher Ebene.
Genau gesoot widmen mir eis:
- de Funktionen vun der natirlecher Ootmung,
- dem Wouerhuelen an der Kontroll vun der Liewensenergie,
- der Transformation vun den Emotiounen,
- dem energeteschen Ausgläich,
- dem Stressmanagement,
- der Entspaanung op allen Ebenen,
- der Achtsamkeet an der Konzentratioun,
- de verschiddenen Meditatiounspositionen a Mudras.
! Auerzäit: 19h10 bis 19h40
Informatiounen & Umeldung: https://ewb.lu/event/pranayama-a-meditatioun/