Wann? Samstag 09.03.202415:00 - 15:45 Uhr

Kannerliesung: De klengen Här Bellibimbam an de Monsieur Lugaru
Wo? 9, place de la Libération, L-9060 ETTELBRUCK Andere

Eng verzielte Liesung vun a mam Roland Meyer

Loscht op eng cool Geschicht?

Samschdes, den 9.Mäerz 2024 ass de Roland Meyer um 15.00 Auer an der Ettelbrécker Bibliothéik op Besuch. Kommt a lauschtert d'Geschicht "De klengen Här Bellibimbam an de Monsieur Lugaru"


Nu stellt iech emol vir, dir sëtzt owes gemittlech doheem an da klappt et op eemol un der Dir. Do steet ee riseg Groussen, ee ganz Komeschen, een däischter Schudderechen! Ass et um Enn ee Gangster, ee Bandit, ee Raiber, deen iech äre Kuch, ären Handy an äre Portmonni klaue wëllt? Oder ass et soss ee schrecklech Geféierlechen, onheemlech Hannerhältegen oder rose Verbrueten?

Dir wësst et net. Dir kënnt et net wëssen. Well dir kennt en net. Et ass ee Friemen. An esoulaang dir e net kenne geleiert hutt, kënnt dir näischt mat him ufänken.

Géift dir him d’Dir trotzdeem opmaachen? Vläicht ass e jo ganz anescht, wéi dir gemengt hat?

Eng erzielend Liesung iwwert d’Anescht sinn, iwwert d’Friem sinn a wéi een heiansdo säi blot Wonner erliewe kann.


All Kanner ab 3 Joer sinn häerzlech invitéiert, den Entrée ass fräi, keng Reservatioun.

© echo.lu
Die nächsten Termine
Samstag 09.03.202415:00 - 15:45 Uhr

Veranstaltungsort

Adresse: Ettelbrécker Bibliothéik
9, place de la Libération
L-9060 ETTELBRUCK
Auf Karte anzeigen
Tel.:26811532
Anreise planen
© echo.lu

Bounekiermes zu Ettelbrück

Kirmes
Mehr erfahren
© echo.lu

Ettelbréck Wibbelt

Ettelbréck Wibbelt
Mehr erfahren
© echo.lu

Schnéiwäiss Männer

De Guy Rewenig an de Claude D. Conter liesen
Mehr erfahren