Wann? Dienstag 17.10.202318:00 - 20:00 Uhr

Kannerbicher fir Erwuesse Leit
Wo? 5, av. Marie-Thérèse (CentreConvict: Entrée G, RDC), L-2132 LUXEMBOURG Andere, Schulungen/Konferenzen

Eng Liesung mam Roland Meyer

De Roland Meyer huet elo seng Trilogie vu “Kannerbicher fir erwuesse Leit” ofgeschloss. Dozou gehéiert den 2004 fir d’éischt opgeluechte Klassiker vun der Lëtzebuerger Kanner- a Jugendliteratur “Den décken dommen Dudu”, d’Geschicht vun engem vill ze décke Jong, deen et an der Schoul net einfach huet. “Mango Panda” ass am Joer 2007 erschéngen an thematiséiert “d’Irrungen an d’Wirrungen” vun engem 12-jährege Meedchen, dat sech déi éischte Kéier verléift. 2017 dunn ass mat “Tel Mo” dat drëtt Buch aus der Serie erauskomm, wat de “Lëtzebuerger Buchpräis 2017” gewonnen huet an op der Shortlist fir de Servais-Präis 2018 war. Hei geet et em ee portugisesche Jong, dee weder Halt a senger Famill nach an der Schoul fënnt a seng Zerrassenheet versicht duerch Gewalt ze kompenséieren. D’Theaterstéck “King Tel Mo Rei”, dat am Wanter 2023 Première hat ass d’Fortsetzung vun deem Roman.


Dës Bicher beschäftegen sech allen dräi mat ganz eeschten an zum Deel esouguer existenzielle Problemer vu Kanner a Jugendlechen, dat iewer all Kéier op eng ganz humorvoll Aart a Weis, ouni moraleschen Zeigefanger an ëmmer mat vill Léift an Empathie fir d’Haaptcharakteren. Allen dräi sinn et “coming of age”- Geschichten, déi weder an de Kitsch nach a verlugen Draamwelten ofdriften, mee d’Problemer beim Numm nennen; ebe Kannerbicher fir erwuesse Leit.


Fir Kanner ab zéng Joer, am flottsten zesumme mat hiren Elteren, iewer och fir all Erwuessenen, deen déi hoffnungsvoll Freed an déi onerhéiert Gréisst vum Kand-Sinn nach net vergiess huet, liest de Roland Meyer kuerz, lëschteg an ironesch Geschichten aus dësen dräi Bicher an zesumme gëtt iwwer dat, wat Kandheet am Moment hei zu Lëtzebuerg ausmécht, diskutéiert.

 

A Cooperatioun mam Eltereforum, mat der Ënnerstëtzung vum MENJE.


Entrée: 10 € / Erwuessenen, 5 € / Kand, 1,5 € mam Kulturpass

Umelde bis: 13.10.2023


Informatiounen & Umeldung


Kontakt: info@ewb.lu


Die nächsten Termine
Dienstag 17.10.202318:00 - 20:00 Uhr

Veranstaltungsort

Adresse: ErwuesseBildung
5, av. Marie-Thérèse (CentreConvict: Entrée G, RDC)
L-2132 LUXEMBOURG
Auf Karte anzeigen
Anreise planen
© Lëtzebuerg City Museum
Wo? av. Emile Reuter 18, L-2420 LUXEMBOURG Wann? 02.06.2024

Café Tricot Musée avec Mamie et moi

Café Tricot Musée avec Mamie et moi
Mehr erfahren
© Lëtzebuerg City Museum
Wo? av. Emile Reuter 18, L-2420 LUXEMBOURG Wann? 24.09.2023

Regelmäßige Führung: Ein Spaziergang durch die Kunst

Europäische Malerei und Skulptur, 17.–19. Jahrhundert
Mehr erfahren
Muriel Nossem
Wo? 4, rue Vauban, L-2663 LUXEMBOURG Wann? 23.09.2023

𝗭𝗮𝘂𝗯𝗲𝗿𝗵𝗮𝗳𝘁 𝗚𝗮𝗮𝗿𝗱𝗲𝗽𝗹𝗮𝗻𝘇𝗲𝗻 𝗮 𝗚ä𝗲𝗿𝘁❟ 𝗱é𝗶 𝘃𝗲𝗿𝘇𝗮𝘂𝗯𝗲𝗿𝗲𝗻

𝗭𝗮𝘂𝗯𝗲𝗿𝗵𝗮𝗳𝘁 𝗚𝗮𝗮𝗿𝗱𝗲𝗽𝗹𝗮𝗻𝘇𝗲𝗻 𝗮 𝗚ä𝗲𝗿𝘁❟ 𝗱é𝗶 𝘃𝗲𝗿𝘇𝗮𝘂𝗯𝗲𝗿𝗲𝗻
Mehr erfahren
© Lëtzebuerg City Museum
Wo? av. Emile Reuter 18, L-2420 LUXEMBOURG Wann? 27.09.2023

Visite guidée parents/bébés: « Une promenade à travers l’art »

Une promenade à travers l'art. Peintures et sculptures européennes, 17e-19e siècles
Mehr erfahren
© Lëtzebuerg City Museum
Wo? av. Emile Reuter 18, L-2420 LUXEMBOURG Wann? 29.09.2023

Visite guidée régulière: Une promenade à travers l’art

Dessins et sculptures européennes, 17e - 19e siècles
Mehr erfahren
© Lëtzebuerg City Museum
Wo? av. Emile Reuter 18, L-2420 LUXEMBOURG Wann? 23.09.2023

Regular guided tour: A stroll through art

European painting and sculpture, 17th to 19th century
Mehr erfahren
Olivier Klencklen I Adobe Stock
Wo? 25, rue Münster, L-2160 LUXEMBOURG Wann? 30.09.2023

Drëschemaueren

Journées du Patrimoine
Mehr erfahren
Rencart médaille déc mnha230803 1815 small
Wo? 1, Marché-aux-Poissons -, L-2345 LUXEMBOURG Wann? 05.12.2023

Hungry for culture | Der Rahmen der Rosiéristes Gemen und Bourg

A series of lunchtime tours
Mehr erfahren
Rencart vignette nov mnha221115 0804
Wo? 1, Marché-aux-Poissons -, L-2345 LUXEMBOURG Wann? 07.11.2023

Hungry for culture | Das korinthische Kapitell des Titelbergs

A series of lunchtime tours
Mehr erfahren