D'Potty Lotty an der Ettelbrécker Bibliothéik
D'Potty Lotty an der Ettelbrécker Bibliothéik
Loscht op eng Geschicht? Samschdes, den 29.Abrëll 2023 ass d'Potty Lotty um 15.00 Auer an der Ettelbrécker Bibliothéik op Besuch. Kommt a lauschtert d'Geschicht "Igor, de Villchen deen net konnt sangen." All Kanner sinn häerzlech invitéiert, den Entrée ass fräi, keng Reservatioun.