Diskurs-Figuren: Wéi Politik an Ëffentlechkeet iwwer Sprooch schwätzen
Christoph Purschke
D'Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg ass ëmmer erëm ee prominente Sujet an der ëffentlecher Diskussioun, sief et am Kader vu Berichterstattung an de Medien, politesche Promotiounscampagnen oder privaten Diskussiounen an de soziale Medien. Oft gëtt an dëse Kontexter net just iwwer d'Sproochen am Land geschwat, mee och iwwer Integratioun, Wirtschaftswuesstem oder eng national Identitéit. Op der Basis vu Beispiller aus deene leschten 10 Jore gëtt an dësem Virtrag gewisen, wéi ee kann esou Diskussioune linguistesch analyséieren, wat fir zentral sproochlech Biller d'Sproochendiskussioun strukturéieren a wat dat iwwer dat kulturellt Selbstverständnes zu Lëtzebuerg ausseet.