David a Goliath: Kleng Weltliteratur Lëtzebuerg?
Cosimo D. Suglia
D’Weltliteratur gëtt duerch Literaturen definéiert, déi ausserhalb vun hire Grenzen zirkuléieren. Am Verglach mat anere klenge Literature géif sech duerch déi scho bal kosmopolitesch a sproochlech Situatioun d’Lëtzebuerger Literatur an der Weltliteratur gutt maachen, oder éischter net? Dëse Virtrag positionéiert den zäitgenëssesche Lëtzebuerger Roman an d’Feld vun der Weltliteratur a geheit esou nei Froen am Bezuch zu dëser op.