Ausstellung zum Kannerbuch „D’Märelchen“
Ee Buch vum Lisa Grosbusch a Paul Schmitz
D’Lisa Grosbusch, Kënschtlerin a Schoulmeeschtech, präsentéiert hiert neit Kannerbuch an der EwB. Ze gesinn ass de Werdegang vum Buch: Niewt den handgemooltenen Illustratiounenweist d’Kënschtlerin och déi fäerdeg digital veraarbecht Versioun – sou gëtt kloer, wéi ee Wee d’Bild vum Entworf zur fäerdeger Säit am Buch zeréck leet.
D’Buch ass fir Kanner vun engem bis fënnef Joer, d’Theme sinn Naturverbonnenheet, Déieren, an den Iwwergank vum Wanter zum Fréijoer.
De Vernissage vun der Ausstellung ass de 7. Oktober.
Eng Liesung mat der Kënschtlerin an Autrice fënnt den 15. Oktober statt – Dir sidd all Wëllkomm, fir d’Märelchen kennenzeléieren.
D’Ausstellung hänkt bis Mëtt November 2023. | Ëffnungszäiten: Mo-Fr, 13h-17h
Méi Informatiounen fannt Dir op eisem Site.
Den Entrée ass gratis.
Kontakt: info@ewb.lu