GENEALOGIE-ANEFUERSCHUNG : ECH MAACHE MÄI STAMMBAM
GENEALOGIE-ANEFUERSCHUNG : ECH MAACHE MÄI STAMMBAM
Mat Genealogie, Stammbam, Anentafel, Spitzenahn, Implex an nach weider Begrëffer aus der Anefuerschung maache mer eis vertraut. Mir kucken zesumme fir eis eegen Anentafel opzestellen an dobäi gesi mer, wéi een d’Recherchen ugeet. Ugefaangen am privaten Archiv, iwwert den Zivilstand, de Porregester, de Notärsregester an nach villes méi. Wéi een déi al däitsch Schrëft liest a wéi ee latäinesch Daf-, Hochzäits- a Stierfakten interpretéiert gëtt och vermëttelt. Et sinn absolut keng Virkenntnesser néideg an et brauch een och kee spezielle Computerprogramm ze kafen an trotzdeem kann een de Computer geschéckt bei senge Recherchen asetzen. Hutt dir Schwieregkeete fir eppes ze entzifferen oder hänkt dir bei ären Nofuerschungen, da kritt der an dësem Workshop gehollef fir weiderzekommen, sou datt dir um Enn vum Cours är eegen Anentafel opgestallt hutt.
11.01, 18.01 25.01, 8.02

© echo.lu