This event has passed. You can see the next event on this page.
Performing arts

De Flöck

Thursday, 12 October 2017  -  Friday, 13 October 2017

Entry :
Ticket 15 €
Kulturpass 1.5 €
Reduzéiert 7.5 €
Contact for this event
Ticket
1/1

Summary

D'Margritte ass eng Molerin an huet en Hond dee Flöck heescht. Oder ass et ëmgedréint? De Flöck ass en Hond an huet eng Molerin déi Margritte heescht? Heiansdo freet ee sech dat, wann een deenen zwee nokuckt, wéi se hiert Onwiesen am Atelier dreiwen. Ween ass hei de Meeschter? Ass et wierklech d'Margritte, wat probéiert dass de Flöck net ze vill Duercherneen am Atelier mécht, an esou vläicht vergiesse wëll, dass de groussen Duercherneen bei him hannert der Stir ass? A ween ass hei de Kënschtler? Ass et net awer de Flöck, dee vläicht fir méi Chaos suergt, dofir awer och fir méi Kreativitéit, a mat sengen iwwerdimensionalen Oueren vläicht net gutt Nolauschtere kann, dofir op eemol ganz aner Saache fäerdeg bréngt?

D'Theaterstéck baséiert op dem Buch "De Flöck" vum Mady Durrer an Annick Sinner, dat am November 2015 bei den Editions Guy Binsfeld a Coeditioun mat MASKéNADA eraus komm ass. Et ass eng Geschicht iwwert de Courage eppes Neies aus ze probéieren an iwwert d'Méiglechkeeten duerch Kreativitéit sech selwer a seng Identitéit ze fannen, besonnesch wann een anescht ass, kuerz, fir d'Oueren net hänken ze loossen, och wa se sou laang wéi dem Flöck seng sinn.

Spill Mady Durrer an Annick Sinner Regie Dietmar Blume Musek Eric Falchero Dekor a Kostu?mer Peggy Wurth Assistenz Corinne Van der Zande Produktioun a Kommunikatioun Dani Jung

Alter 4-8 Joer (1.1. - 3.1.) Sprooch Lëtzebuergesch Dauer 45 Min.

Ticket'en Schoulvirstellungen
T. (+352) 26 32 43 1 M. [email protected]

Other Events

plurio

Content delivery by plurio.net - Information subject to change and without commitment!

Do you want to announce your cultural or touristic events in the agenda "What's on"? SIGN-UP for free at Plurio.net to register your events and profit by the transborder services from Plurio.net.

Contact

Mierscher Kulturhaus
RUE GRANDE-DUCHESSE CHARLOTTE 53
L-7520 Mersch
[email protected]
003522632431
0035226321055

Share this page