This event has passed. You can see the next event on this page.
Public readings

LËTZEBUERGER FRÄIHEETSLIDDER

Tuesday, 21 March 2017

Time :
7:30 pm
Entry :
Normal : 20 €
Kulturpass : 1.5 €
Reduzéiert : 8 €
1/2

Summary

« MARDI DU LIVRE »

Eng musikalesch-politesch Rees duerch d'Lëtzebuerger Geschicht Besser wéi vill aner historesch Quellen kënne politesch an engagéiert Lidder d'Gefiller vun einfache Mënschen aus dem Vollek hannert den historeschen Evenementer konservéieren an ëmmer erëm frësch ausdrécken: hir Freed, hir Ängscht, hire Stolz, hiren Humor, hir Roserei an hir Trauer. Historesch Lidder erzielen dobäi net just déi offiziell Geschicht vu Lëtzebuerg, mä si erlaben och eng aner Siicht op déi Geschicht: en Abléck an d'Häerzer, d'Gedanken an d'Gewësse vun den einfache Mënschen. Lidder vun der Strooss an aus Zeitungen a politesche Revuen. Si erzielen sozial a politesch Konflikter an domat, op eng lieweg Manéier, Lëtzebuerger Geschicht vun ënnen.Déi meescht politesch Lidder si Spottlidder, Kampflidder, a Lidder iwwer a vu Fräiheet an Demokratie. An dësem Programm héiere mer Lidder géint Ënnerdréckung, fir Onofhängegkeet, fräi Meenungsäusserung, Gedankefräiheet, Gläichheet virum Gesetz a sozial Gerechtegkeet. Lidder vun de Revolutioune vu 1830 an 1848, vun der Lëtzebuerger Onofhängegkeet, iwwert d'Emigratioun an Amerika, Lidder iwwer sozial Mëssstänn, den Antiklerikalismus, Aarbechterlidder, d'Emanzipatioun vun de Fraen, den éischte Weltkrich an d'politesch Reaktioun aus deeër Zäit, den Asaatz géint d'Maulkuerfgesetz a fir d'spuenesch Republik, Lidder géint d'Nazien an aus de KZer, iwwer d'Liberatioun an d'Konsumgesellschaft nom Krich.Déi Lidder gi vum Georges Urwald frësch arrangéiert an zum bessere Verständnis a kuerz Extraiten aus deemolegen Zeitungsartikelen agebett.
 

Other Events

plurio

Content delivery by plurio.net - Information subject to change and without commitment!

Do you want to announce your cultural or touristic events in the agenda "What's on"? SIGN-UP for free at Plurio.net to register your events and profit by the transborder services from Plurio.net.

Contact

Kinneksbond, Centre Culturel Mamer
ROUTE D'ARLON 42
L-8210 Mamer
0035226395100

Share this page